| D'ALUC ass un éischter Stell eng
lëtzebuerger Studentenorganisatioun. Si setzt
séch an fir d'Interesse vun de Studenten, am Dialog
mat den zoustännigen Autoritéiten an aneren
Studentenorganisatiounen. Je no Besoin'en organiséiert
sie eenzel Servicer fir d'Studenten. Sie bidd duerch hir
Konferenzen a Publikatiounen eng Plattform fir séch
intellektuell, reliéis, politisch a kulturell ze
artikuléieren, an esou an der Gesellschaft
präsent ze gin. Zënter hirer Grëndung am Joer
1910 hält sie drop, d' Memberen an hirer Sich no Werter
ze ënnerstëtzen, bei der si séch um
chrëschtléche Mënschebild
orientéiert. Well dëst Mënschebild den
Eenzelnen als Persoun an all séngen Dimensiounen
unerkennt, gin an der ALUC och all Sensibilitéiten an
Talenter eescht geholl a respektéiert. Et versteet
séch vum selwen, datt d'Frëndschaft tëschent
de Memberen eng éischt Bedingung fir de Funktionement
vum Veräin bleiwt. |