Actualités

From ALUC

Jump to: navigation, search

Contents

100 Joer Aluc e puer Gedanken ( Présidentin Studentensektioun)

„Informatioun“, dat ass e Wuert wat ee vill héiert, mee wat net fir jiddereen dat selwecht bedeit. Wéi rosen gëtt een dach, wann een entzwousch urifft an e léiwen oder granzege Mënsch äntwert engem, bei him wier en net richteg, mee seet engem awer och soss näischt. Déi nei Method fir nëmmen keng „Informatioun“ mussen erauszeginn, heescht: „Gitt op den Internetsite kucken www.bliblablo.lu!“ De Client wees awer nach näischt an ass dann och nach gebieden e Computer ze hunn fir eppes gewuer ze ginn.

Ëmgedréit muss een d’Saach awer och kucken. Deen, deen déi aner Säit vum Hörer sëtzt a vläit effektiv net direkt eppes mat eiser Ufro ze dinn huet, oder d’Äntwert net wees, wéi soll deen reagéieren? Seet en eis eppes, wat vläit falsch ass, ass et net gutt. Seet een eis éierlech, dass en et net wees, si mir och net frou! Probéiert en eis ze hëllefen, as säi Chef vläit net méi frou driwwer…… Naja! Informatioun kréien a weiderginn schéint eng schwéier Saach ze sinn.

Lauschtert mol d’Reklammen um Radio! Déi sinn och oft net besser. „Fuert mam öffentlechen Transport“ kréie mir gesot. Dass een domadder awer heiandsdo net virukënnt, zum Beispill sonndes, dat seet awer keen! Och an der Zeitung muss een regelméisseg en Artikel bis ënnenhinner liesen fir iwwerhaapt ze gesinn wou en Evenement stattfonnt huet. Oder ass et iech nach net virkomm, dass dir e Reportage iwwert eppes gelies hudd, wouriwwer dir virdrun awer keng Reklamm héieren oder gelies hat, an iech gefrot hudd, op d’Informatioun nëmmen fir „Insider“ war?

Eppes ass sécher, 100 Joer kritt d’Aluc an dat ass net schlecht. No Honnert Joer nach ëmmer esou aktiv ze sinn, Memberen ze hunn (och wann d’Studentesektioun leider am Moment keen Nowues huet), ze publizéieren a regelméisseg Soiréeën ze organiséieren, dat muss ee schon fäerdeg bréngen. 100 Joer, dat ass eng laang Zäit. Vill Studenten an Graduéen sinn duerch d’Aluc gaangen. Vill hu gutt Souveniren vun der Chrëschtfeier, vun enger Visite oder engem Ausfluch. Dovunner muss een schwätzen, dat dierf net verpasst ginn. Schwätzt ronderëm dovunner, gidd op den Internetsite kucken, zielt ären Frënn et.

Honnert Joer kritt een net all Dag! Hoffentlech geet et nach laang esou weider! Merci un all déi, déi ech do kennegeléiert hunn, déi vill flott Momenter, déi mir zesummen erliewt hunn. Merci och un all déi, déi vill fir d’Aluc gemat hunn. Happy Birthday Aluc a Bravo!


Laurianne Asorne-Kedad

Marquer sa présence dans l’Eglise et la société

L’AV-ALUC a cent ans

Le 7 août 1910, quinze étudiants ont solennellement fondé l’Association Catholique des Etudiants Luxembourgeois (Akademikerverein) dans la Maison du Peuple (Vollekshaus). L’impulsion avait été donnée par Pierre Dupong, lui-même influencé par le mouvement chrétien-démocrate du Sillon. Dans un contexte de prise de conscience nationale, mais aussi de luttes idéologiques acerbes, les étudiants catholiques souhaitaient se regrouper pour s’entraider et pour vivre un engagement fort autour de quatre idées-clé : foi, science, amitié, patrie. Le succès fut tel qu’au bout de quelques années la plupart des étudiants luxembourgeois adhéraient à l’AV, qui connut ses heures de gloire dans les années trente, puis dans l’après-guerre, avant de traverser une période de crise due aux chambardements sociétaux et culturels des années soixante et soixante-dix. Mainte carrière politique et ecclésiastique a commencé au sein de l’AV, appelé ALUC (Association Luxembourgeoise des Universitaires Catholiques) à partir de 1948, et divisée en deux sections, celle des étudiants et celle des gradués, toutes deux fédérées dans le mouvement mondial des étudiants et intellectuels catholiques Pax Romana. Grâce à la revue trimestrielle Academia, fondée en 1914 par Pierre Frieden, devenue la Nouvelle Revue Luxembourgeoise en 1964, et grâce à son soutien à Nos Cahiers qui ont pris le relai il y a trente ans, l’ALUC a fait une contribution importante au développement de la vie intellectuelle et culturelle au Grand-Duché.

Aujourd’hui, l’ALUC continue, de manière bien plus modeste que jadis, de marquer sa présence dans l’Eglise et la société.

A.G.


Breif vun der Presidentin vun der Studenten Sektioun

Léiw Studentin, Léiwe Student,


Du hues no laanger Plo a vill Stress Déng Première respektiv Déng Treizième gepackt. Mir vun der ALUC gratuléieren Dir dofir an hoffen, dass De bei Déngen Unisstudien genau esou vill Erfolleg hues. D’ALUC (Association Luxembourgeoise des Universitaires Catholiques) feiert dëst Joer am Oktober 100 Joer! Et ass déi eelst lëtzebuerger Studentevereenegung (gegrënnt 1910), et ass en dynamesche, vu Studente an/oder Graduéën geféierte Veräin, deen de Studenten hir Interesse bei den zoustännegen Instanzen (MEN, CPOS, Uni Lux, Unien, ...) verteidegt a séch permanent fir Verbesserunge fir d’Studenten asetzt. Mir bidden Dir en éischte Kontakt mat eiser Studentevereenegung a mat Studenten, déi hir Unisstudie schon ugefaangen hun. Besonnesch am Ufank as ët wichteg, fir Leit ze kennen, déi bei den éischte Formalitéite kënnen hëllefen. Mee doriwer eraus leet d’ALUC och grousse Wert op Kontakt ënnert de Studenten, andeems se eng ganz Rei kulturell (Visiten, Ausflich, Vakanzen, …), gesellech (Soirée’en, Party’en, ...) a geleegentlech besënnlech (Oktavmass, Chrëschtveillée, ...) Aktivitéiten ubidd. Mir bidden Dir awer och nach aner Servisser un, wéi zum Beispill eis Zeitung, den Trait d’Union an d'revue culturelle "nos cahiers" wou s Du selwer kanns Texter, Berichter, Gedichter asw publizéieren. Mir kënnen Dir awer och mat Dokumentatioun iwert vill europäesch Unien, Nohëllefstonnen, Stagevermëttlungen an e gratis Abonnement un d‘Lëtzebuerger Wort op d'Uni am Ausland hëllefen. Mir invitéieren Dech elo schonns op eis grouss Feier mat Séance Académique den 16. Oktober ab 9h30 beim Convikt. Wanns du virdrun schon wëlls matschaffen an déng Iddiën mat eis deele wëlls, da mell dech iwwert Email: comite@aluc.lu bei eis un. Wann’s De interesséiert bas fir Member bei der ALUC ze gin kanns du 7 € op de CCP vun der Studentesektioun IBAN LU41 1111 0118 9965 0000. Mir schécken Dir dann Déng Memberskaart esou séier ewéi méiglech. De Comité vun der ALUC seet Dir villmols merci. ALUC-Etudiants

5, avenue Marie-Thérèse (Centre Convict Bloc A 1er étage)

L-2132 Luxembourg

Tél. (répondeur) : 44 74 3-250

Fax: 45 92 05

100 Joer Feier

Mir invitéieren all Member op eis 100 Joer Feier 16.10.2010 um 09:30 Auer virum Lakull ( Contact )

  • Fréier Studenten erëm gesinn
  • Erfahrungen austauschen
  • Nei Kontakter knëppen
  • Flott Momenter verbréngen

Dir kënnt och d'Invitatioun hei eroflueden.

Program

9.30 Auer Begréissung vun de Memberen de Gäscht an onsen Eieregäscht Café – Croissant
10:00 Auer Séance académique
11:30 Auer Mass an der Kapell vum Convict zelebréiert vun onsem Här Ërzbëschof an zu sénger Säit ons Aumônien Jean-Jaques Flammang a Patrick Muller
12:15 Auer Apéritif offréiert vun der ALUC uschléissend gemeinsamt Mëttegiessen


Selbstverständlech kritt jiddereen eng perséinlech Invitatioun geschéckt mat all nëtzlechen Détailer.

Dir kënnt och den programm hei eroflueden.

Mir hoffen alleguer iech zu esou vill wi méiglech deen Dag begréissen ze kënnen


Am Joer (Oktober – November) wäert och am Kader vun eiser 100 Joer Feier eng Konferenz vu PAX – ROMANA EUROPA hei bei eis statt fannen. Di genee Détailer kommen nach no


Ären Comité


Vergangen Activitéiten

Activitéiten dei schon erriwer sin fannt Dir an eisem archiv.

Personal tools